Skip to main content

Iwwert eis - Rhäifränsch Asbl

De Musekstheaterveräin 'Rhäifränsch Asbl' vu Gréiwemaacher ass den 21. Januar 2004 zu Gréiwemaacher‚ a 'Kiischten' gegrënnt ginn a beoptragt, organiséiert a verwirklecht nei lëtzebuergësch-sproocheg Musekstheaterproduktiounen.

D'Rhäifränsch vertrëtt de Genre vum traditionnelle 'Koméidisstéck wéi virun honnert Joer': eng lëschteg Geschicht aus dem Alldag, déi dem Vollek gären op de Mond kuckt, eng Musek, déi zougänglech, usprochsvoll an zäitlos wëll sinn, eng Dozend Sänger a Schauspiller 'd'Elblinger' an e klenge Bistrosorchesterchen. Dat Ganzt an engem uresch-heemleche Raum viru ronn honnert Nolauschterer a -kuckerten.

Tëscht hiren neie Kaméidisstécker fleegt d'Rhäifränsch d'Musek vu Poutty Stein a Konsorten oder produzéiert nei Museksstécker fir bestëmmt Geleeënheete wéi z. B. den CD Den Tour bleift eisen! fir den Tour de France 2009.

D'Rhäifränsch ass 'en onofhängegt Konglomerat vun erzkonservativen Anarchisten déi sech fir ee sozialen, ökologesch wéi ökonomesch nohaltege Bäitrag zu eiser Kulturlandschaft asetzt mat liicht liberalisteschen Tendenzen'. (Marc W.)

"Rhäifränsch" ass eng fréier Bezeechnung fir den Elbling.

Als Logo gëtt sech d'Rhäifränsch den Dréiuergelsspiller Georgely (Georg Weyer, 1848-1924) aus Gréiwemaacher. Hien huet do gespillt, wou ‚eppes lass wor’: op der Fouer, um Oktave-Mäertchen, op Kiermessen ... „Etwas abseits vom Getriebe der Schobermesse, damit er nicht zertreten werde, hatte sich der verrunzelt geborene Schorscheli (anerer soen, hien hätt ‚Rachitis’ gehat) aus Grevenmacher mit der Drehorgel aufgestellt und quetschte piepsende Musik aus seinem Kasten.“ (Joseph Hess)

Rhäifränsch Komite

Präsident

Paul FUNCK

Sekretär

Yves MERSCH

Trésorier

Joa BAUM

Membren

Germaine BEGMA-PARISSE

Maggy DUREL-WELTER

Luss DUREL

Georges FELTES

Thierry KONSBRUCK

Emile STEFFES

Rhäifränsch Geschicht

2023

Den 23., 24. a 25. Februar präsentéieren d'Rhäifränsch an 3 ausverkaafte Virstellungen am Stuedtheather hiren neie Programm: "Kuck elei, hei kommen d'Krunnemécken".

Um Virowend vun Nationalfeierdag sangen d'Rhäifränsch am Gaart vum Osbourg-Haus.

15 Joar Stuedtheather - den 13. August huelen d'Rhäifränsch um "Performance Brunch Patati Patata Gebuertsdagsfest" deel.

De 14. Oktober sangen d'Rhäifränsch um Miselerowend zu Mäertert.

De Programm "Kuck elei, do sëtzen d'Krunnemécken" gëtt  den 20. an 21. Oktober an der Kellerei Vinsmoselle widderholl.

2022

Den 8. Juli hëllt d’Rhäifränsch um Zeenespill Maacher Zäitrees "Anno Domini 1792 - De Goethe kënnt op Maacher" deel.

2019

Mee 2019 - Concert um Noperschaftsfest zu Wellen.

2018

Den 18. Abrëll trëtt d’Rhäifränsch mam Sepp Thill Progtamm zu Kärjeng op, dem Thill säin Heemechtsduef.

Nach emol am Stued Theater zu Gréiwemaacher, de 15. a 17. Mäerz 2018 um 20 Auer. Virstellung vum neien CD ‚D’schwaarz Bichelchen‘. Reservatioun ënnert der Nummer 00352 621 32 28 35

Den 12. Januar spillt d’Rhäifränsch säin neie Programm zum Dickweiler.

De 5. Januar gëtt den neie Programm am Stued Theater vum Georges Majerus op CD opgeholl.

2017

De Lidderowend D’schwaarz Bichelchen - Thill’s Sepp - den ondugene Gesell gëtt gespillt am Stued Theater zu Gréiwemaacher (www.urwald.lu)

20. Oktober 2017 20:00 Auer, 22. Oktober 2017 20:00 Auer, 24. Oktober 2017 20:00 Auer, 25. Oktober 2017 20:00 Auer, 15. November 2017 20:00 Auer, 16. November 2017 20:00 Auer, 17. November 2017 20:00 Auer. Réservatiounen um +352 621 32 28 35, Entrée 10€ Jugendlecher 5€ Kanner gratis, Organisatioun: Musekstheaterveräin Rhäifränsch / Muselfénkelcher

2016

D’Reprise vum Bistros-Koméidisstéck ‚De Beschte Club am Land‘ ënnert neier Regie an neier musikalescher Leedung (Guy Geimer & Claude Kraus) ass mat groussem Publikumserfolleg iwwert d’Bühn gaangen. D’Rhäifränsch seet alle Leit MERCI, déi dozou bäigedroen hunn!

D’Maacher Rhäifränsch freet sech op d’Reprise vu sengem alleréischte Stéck De Beschte Klupp am Land am Oktober 2016 zu Gréiwemaacher am Veräinshaus. Dës Kéier ënnert der Regie vum Guy Geimer a mam Rhäifränschchouer an -orchesterchen ënnert der Leedung vum Claude Kraus.

De Rido hieft sech de 7., 8., 14., 15., 21., 22. an 28. Oktober 2016.

Um Maacher Drauwen- a Wäifest vum 9. bis 11. September ass d’Rhäifränsch mat Stand am Osbourghaff a flottem Won um Cortège vertrueden.

De 6. Juni huet d’Proufphas ugefaange fir d’Reprise vum Rhäifränsch-Stéck De Beschte Klupp Am Land

D’Generalversammlung vun der Maacher RF wor den 28. Februar am Café ‚Nei Kiischt‘ zu Gréiwemaacher.

2015

14. November 2015: Lëtzebuerger Owend am Centre Culturel zu Biissen

20. Juni 2015: Optrëtt am Mamer Kinneksbond, zesumme mat de Krunnemécken.

30. Mäerz 2015: Gaaschtoptrëtt vun der Rhäifränsch op der Benefizveranstaltung vun ‚Sunflora‘ zu Iechternach an der Orangerie vum LCE

De 7. Mäerz 2015 trieden d’Elblinger mat hirem Lëtzebuerger Owend am Hotel Belair zu Iechternach op.

2014

D’Rhäifränsch feiert 10 Joer! Grouss Gebuertsdaagsparty den 8. November 2014 um 20:00 zu Gréiwemaacher am Centre Culturel mat Rhäifränsch, Toxkäpp, Jemp Schuster, Serge Tonnar & Legotrip a mam DJ Funka/Billy. Virverkaf am Rive Gauche op der Maacher Bréck, am Bazar Thill an der Maacher Groussgaass an am Café Nei Kiischt an der Maacher Kathreinegaass.

Oweskees vun 19:00 Auer un

2013

Am Oktober 2013 spillt d'Rhäifränsch hiert 4. neit Lëtzebuerger Koméidisstéck ‚Mir sinn Tell’ vu Schuster an Urwald.

De Rido hieft sech de 4., 5., 9., 11., 12., 16., 18., 19., 23., 24. a 25.Oktober 2013 um 20:00 zu Gréiwemaacher am Veräinshaus.

Tëscht dem 22. Mee an dem 3. Juli sinn d’Gesangsprouwe fir dat neit Koméidisstéck am Oktober 2013 ‚Mir sinn Tell‘ ofgehale ginn.

Den 9. Mäerz huet de Luss fir d’Rhäifränsch Bratzele gebak a fir e gudden Zweck versteet.

D’Generalversammlung vun der Maacher RF wor den 1. Mäerz an der Buvette vum Stadion op Flohr.

2012

Den 30. November huet d’RF d’Memberen op e flotte Mullenowend bäim Marga agelueden.

Den 23. November sinn de Luss Durel an de Georges Urwald fir hir RF-Verdéngschter vun der Maacher Gemeng geéiert ginn.

De Weekend vum 7. bis 9. September huet d’Rhäifränsch fir d’Maacher Wäin- an Drauwefest erëm e Stand am Osbourg-Haff gehat. Am Ëmzuch wor de Veräin mam Won ‚Haut den Owend‘ derbäi.

Vum 2. bis de 5. August 2012 huet eng ‚Delegatioun‘ vum Musekstheaterveräin, zesumme mam Jemp Schuster sech d’Wilhelm Tell-Festspiller (4. August) zu Matten/Interlaken an der Schwäitz ugekuckt.

Am neie 'Café-Théâtre' vum Maacher Kulturhuef ginn d'Elblinger den 12. Mee 2012 hire Lëtzebuerger Owend.

Den 23. an de 24. Mäerz 2012 spillt d'Rhäifränsch zu Dikkrech

D'Generalversammlung vun der Rhäifränsch gëtt den 16. Mäerz am Café 'Nei Kiischt' zu Gréiwemaacher ofgehalen.

Den 4. Februar 2012 trieden d'Elblinger mat hirem lëschtege Lëtzebuerger Owend zu Biissen op

2011

De 15.Oktober 2011 sinn d'Elblinger fir de 'Miseler Owend' zu Mertert engagéiert ginn.

Den 1.Oktober 2011 gëtt d'Rhäifränsch e 'Lëtzebuerger Owend' zu Lëntgen.

Den 11.September 2011 ass d'Rhäifränsch mat engem neie Won mam Titel 'Sou laang net d'Box um Stuwwelüster hänkt!' um grousse folkloristesche Cortège vum Maacher Drauwen- a Wäifest vertrueden.

Den 23.Juli an den 30.Juli 2011 hunn d'Elblinger an hir Gefuedeschen bäim Marc Thoma an dem Pol Tousch hirem neie Film iwwert 'd'Engelcher vu Schëndels' matgespillt, gesongen a gedanzt. Gedréit ginn ass zu Schëndels an engem urege Café mat Keelebunn an am legendären Alfa vis-à-vis vun der Stater Gare. Déi skuril Geschicht, déi sech wirklech zu Schëndels zougedroen huet, spillt am Joer 1933.

De 25. Juni 2011 trieden d'Elblinger am Kader vun '10 Joer Gemengenhaus Bierg' am Cabaretstéck 'Beschass am Schlass' an der Gemeng Betzder zu Bierg op.

De 14. a 15.Mee 2011 maachen d'Rhäifränsch hire 'kulturellen' Ausfluch op Köln

1. Abrëll 2011: De Musekstheaterveräin Rhäifränsch ass geéiert an houfreg fir den éischte Stär vum neie Gréiwemaacher 'walk of fame' no Hollywood-Virbild an der Maacher Foussgängerzon ageluecht kritt ze hunn!

De 25. Mäerz 2011 hält d'Rhäifränsch hir uerdentlech Generalversammlung am Café 'Nei Kiischt' of

Den 10., 11., 12. an den 13. Mäerz 2011 trëtt d'Rhäifränsch am Spektakel 'Schlüpferesch' am Stued Theater zu Gréiwemaacher op: en 'Hommage' un déi 'Wëll Zwanzeger' mat vill Brillantine, Boa'en, Gesang, e Mäifelche fir de Bäichelchen a Schampes!

De 5. Februar 2011 sangen a spillen d'Elblinger an hiren Orchesterchen e Poutty Stein & Co. - Programm zu Biissen (Org. Biissener Chorale Municipale)

Den 28. Januar 2011 lued d'RF op e Mulleniessen an (als Merci un hir Memberen fir déi gutt Aarbecht um 'Schéck en op d'Schëff)

2010

Den 20. an den 21. November 2010 ass d'Rhäifränsch mat engem Info-Stand um 1. Walfer Museksmaart am Kader vun de 16. Walfer Bicherdeeg vertrueden.

D'Rhäifränschkapitel 'Schéck en op d'Schëff' ass den 23. Oktober 2010 mat enger stëmmungsvoller 'Aftershow-Closing-Party am Stued Theater' op en Enn gaangen. 11 Mol hunn d'Elblinger am ausverkafte Veräinshaus zu Gréiwemaacher gesonge, gespillt an iwwer 1300 begeeschtert Leit iwwerzeegt. Merci all deenen, déi zum Gelénge vun dësem flotte Projet bäigedroen hunn! (Photoen)

Hirt drëtt neit lëtzebuerger Koméidisstéck 'Schéck en op d'Schëff' vu Schuster & Urwald spillt d'Rhäifränsch den 1.10., 2.10., 6.10., 8.10., 9.10., 13.10., 15.10., 16.10., 20.10., 22.10. an den 23.10.2010 um 20:00 Auer zu Maacher am Veräinshaus. D'Virstellunge si bis op déi lescht Plaz ausverkaf. 'Schéck en op d'Schëff' gëtt et och als 'Héierspill' am Rhäifränsch-CD-Buttek.

Um 61. Wäifest, den 11. an 12. September wor d'Rhäifränsch zu Maacher mat hirem Cortège-Won 'Georgely, Georgely, dréi ...! an hire Gedrénks- a Gefréissstänn am Häffche vum Osbourg-Haus vertrueden. Fir Stëmmung huet den DJ Hoffi gesuergt.

Miselerland/Rent a Bike - Grousst Volleksfest zu Einen: Den 30. Mee 2010 fueren d'ElblingerInnen Velo a sangen e Ständchen zu Waasserbëlleg, zu Maacher an zu Einen!

Den 10. Mee fänken d'Prouwen fir Schéck en op d'Schëff un. Den 3. an de 4. Juli 2010 huelen d'Elblinger an hiren Orchesterchen d'Dialoguen an d'Lidder vum neie Koméidisstéck am Stued Theater fir den CD op. (Komplette Proufplang)

Den 12. Mäerz 2010 gëtt d'Generalversammlung um 19:30 am Café 'Nei Kiischt' ofgehalen. Der Rhäifränsch hire neie Fändel gëtt virgestallt an den zweete 'Gëllene Georgely' gëtt verginn!

De 15. Januar 2010 iwwerreecht d'Rhäifränsch dem Kannerfoyer Museldrauwen vu Gréiwemaacher e Velo an a Gocart, déi mam Benefiz vun der Den Tour bleift eisen!-CD kaaf gi sinn.

2009

De 26. September huet d'Rhäifränsch zu Iechternach virun der Pir&Pol-Kërrech no dem Feltesse Georges sénger Héichzäit mam Nancy d'Bändchen gehalen. Dank dem Yvon séngem iwwerzeegende Charme konnt d'Rhäifränsch en uerdentleche Stonneloun asäckelen!

Mam Schoulufank de 15. September huet och eist Marga säi 50. Gebuertsdag gefeiert. D'Rhäifränsch iwwerascht d'Marga mat engem Déck-Tromm-Rabbeltromm-Gesangsoptrëtt virun der 'Neier Kiischt'.

Um Maacher Drauwen- a Wäifest den 2. Weekend am September 2009 sinn och d'Elblinger nees mat Won a Stand derbäi.

De Kréinungsowend gëtt den 11. September 2009 stëmmungsvoll vun den Elblinger an hirem Orchesterchen mat engem Poutty Stein-, Tour de Stränz- a Miselerpotpourri ageleet.

August 2009: De Verkaf vum CD 'Den Tour bleiwt eisen!' kléngt esou lues aus. Ze kafen ass/woer en an alle grousse 'Surfacen' (Cactus, Auchan, Saturn...) uechter d'Land a selbstverständlech op iTunes-Musicstore. Gréiwemaacher: LIBO Grevenmacher - MATCH Akafscenter - BAZAR Thiel-Schmit - CAFE Nei Kiischt - Iechternach: TRISPORT - SAMCATS - POBEIER&CO - Jonglënster: RISCHETTE - ALAVITA - Wasserbëlleg: Electricité HURT - Nidderanven: TRISPORT

Den 28. Juni 2009 trëtt d'Rhäifränsch um 14:30 zu Rouspert bäi '50 Joer Spruddelwaasser' op.

De 17. Juni bréngt den DNR um 11:15 en Interview mam 'Rhäifränsch-Thierry'.

De 16. Juni stellen d'Germaine an de Luc vun 10:30 Auer un um RTL-Radio Lëtzebuerg den neien CD 'Den Tour bleift eisen!' vir.

Den 13. an de 14. Juni 2009 mécht d'Rhäifränsch hire Veräinsausfluch op Köln.

8. Juni 2009: D'Pressekonferenz mat Live-Musek a Lëtzebuerger Kascht fir den neien CD 'Den Tour bleift eisen!' am Stued Theater zu Gréiwemaacher ass leider ofgesot ginn. Et huet keng Press sech fir deen Owend ugemellt.

De 6. Juni um 17:00 Auer héiert dir e Bäitrag iwwert 'Den Tour bleift eisen!' um Radio 100,7 mam Georges U.

Den 10. Mee 2009 huelen d'Elblinger an den Tritone Studios zu Tréier dräi Stécker zum Thema 'Tour de France 2009' fir de Lëtzebuerger Radio op. Mol kucke, wat geschitt ...
Texter: Christiane Urwald-Schiltz, Yvon Streff, Georges Urwald - Musek: Georges Urwald - Et sangen a spillen d'Elblinger an hiren Orchesterchen

13. März 2009: Generalversammlung an der 'Neier Kiischt' mat e.a. den Nominéierungen an der Iwwerreechung vum 'gëllene Georgely' fir besonnesch Leeschtungen am Veräin ....
Den éischte 'Gëllene Georgely', deen een nët ze eescht huelen däerf, awer op deen een houfreg ka sinn, ass den 13.03.2009 an der Generalversammlung vergi ginn. Hie geet un de Café Nei Kiischt vu Gréiwemaacher. Begrënnung: d'Wirtsfra huet en Zigarettenautomat eem Piano fir an den neie Café virgezunn. D'Skulptur am Messing ass vum Artist Michel Feinen fir d'Rhäifränsch geschaaffe ginn.

29. Januar 2009: Emissioun 'Um Kiosk' um Radio 100,7 mat der Rhäifränsch, mam Luc a mam Georges U.

21. Januar 2009: Gebuertsdagsiessen bäim Marga fir all Grënnungsmemberen vun der Rhäifränsch

2008

Den 3. Dezember 2008 ginn d'Elblinger e Poutty Stein Programm am Café 'Nei Kiischt' bäim Marga zum Beschten.

An der éischter Oktoberwoch 2008 (2.,3.,4.) hunn d'Elblinger mat engem Poutty Stein-Programm un der Erëffnung vum Privat-Theater vun der Famill Urwald-Kauffmann deel geholl.

D'Rhäifränsch huet mat Gedrénksstand a Won um 59. Maacher Drauwen- a Wäifest vum 12. bis den 14. September 2008 deelgeholl.

De 14./15.Juni 2008 woer d'Rhäifränsch op hirem 'kulturellen Ausfluch' zu Rüdesheim/D. Um Programm stungen d'Niederwald-Denkmal 'Germania', d'Wacht am Rhein, d'Kloster St.Hildegard, d'Loreley a kuerz d'Drosselgasse ...

De flotten Elblinger-Tour 'Elauter Fäi Jongen' duerch d'Ländchen ass de 6. Juni um Fieldgen op en Enn gaangen. D'Rhäifränsch seet alle Bedeelegten an alle Nolauschterer a - kuckerten nach eemol villmols MERCI fir hiren Asatz an hiren Interessi.

Gespillt gouf zu/um:
16.11.2007 Harel (Org.: Kulturkommissioun)
1.03.2008 Bartreng (Org.: Bartrenger Kaméidi)
13.04.2008 Beetebuerg (Org.: Union Commerciale)
2.05.2008 Marnech (Org.: www.Cube521.lu)
6.06.2008 'Fieldgen' (Org.: Privatlycée Fieldgen)

De 25.04.2008 organiséiert d'Rhäifränsch hiren zweeten Hausbal 'Di éischt Kiischt' zu Gréiwemaacher am Bistro Nei Kiischt. Musek: DJ MAJI 70er/80er Musek Entrée: 5 Euro, Virverkaf: 3 Euro

Mat hirem zweete Koméidisstéck 'Eläuter Fäi Jongen' hun d'Rhäifränsch, d'Elblinger an den Orchesterchen am September an am Oktober erëm fir 9 ausverkafte Virstellungen am Maacher Veräinshaus gesuergt! 'Eläuter Fäi Jongen' gëtt an deene nächste Méint och auswäerts gespillt.

Eis Marga huet säi neie Bistro zu Maacher an der Kathreinegaass opgemaat: 'Di nei Kiischt'

D'uerdentlech Generalversammlung vun der Rhäifränsch gëtt de 14. Mäerz 2008 am Café Nei Kiischt ofgehalen.

2007

August 2007: Maacher ass erëm e Stéck méi kléng, Eifelhaus e Stéck méi grouss: de Stammbistro vun der Rhäifränsch 'A Kiischten' steet net méi! Schued! Duerfir ass d'Kiischte Marga elo am Comité vun der Rhäifränsch! Schéin!

2006

Maacher a vill Veräiner traueren ëm de Jagesch Carlo. Hien ass gestuerwen den 24. November 2006 am Alter vu 70 Joer. Hien huet der Rhäifränsch asbl virun 3 Joer hire Numm ginn