Skip to main content

Aus der Press

E super Mega-Casting zu Gréiwemaacher!
„Mir sinn Tell!“ mam Musekstheaterveräin Rhäifränsch

Monique Hermes 11.10.2013

Zu Gréiwemaacher am Veräinshaus ass zurzäit eng méi lass. Do presentéiert de Musekstheaterveräin Rhäifränsch säi 4. Koméidisstéck, dës Kéier mam Titel: „Mir sinn Tell“ – vum Jemp Schuster (Text a Regie), mat Musek vum Georges Urwald.

„Fort vum traditionellen, verstëpsten Duerftheater! Mir sinn Tell – an Dir sidd mat derbäi!“ Esou gëtt dat flott Stéck vum Moderator ugekënnegt, well esou e Personnage gehéiert zu enger echter Castingshow. Direkt am Ufank bretzen d’„Kandidate“ sech mat hirem besonneschen Talent, fir dem Schiller säi weltberiimten Tell duerzestellen a fir doduerch e richtege Star ze ginn. Wa se et net scho sinn, wouvun d’Jury awer net esou iwwerzeegt ass…

Awer dee kriddeleche „Regissör“ sicht fir „säin“ Tell e ganz präzise Profil, een deen „eist Heemechtsland rett“. Mä do ass och nach dee béisen an onkamoute Gessler… Ass de „Regissör“ éiere vun der „Komplexitéit vun der Matière“ e bëssen iwwerfuerdert?

A wat huet dee Schwäizer Nationalheld Tell dann iwwerhaapt zu Maacher op enger Bühn verluer? Oppositioun ass ugesot, an zwar vun de Kandidate selwer, well „mir kënnen dach net einfach den Tell op Maacher an d’Kofferschmattsgässel verplanzen!“ Wéi wär et mam Schéifermisch, deem vun do uawen? Dat wär wéinstens e Lëtzebuerger Nationalheld – mengt natierlech och d’Publikum… Awer domat si weder de Komponist nach d’Äppelfra averstan. Deen ee misst seng Musek ëm schreiwen, déi aner kënnt hir Äppel net méi feelbidden…. O, wat eng elle Welt!

Ass den Tell dann herno awer e Maacher Held? Also, dat muss ee scho selwer erausfannen, wann een dat immens flott Musekstheaterstéck mat vill Witz, vill Variatioun a wuel och e puer eeschte Momenter kucke kënnt. Eent sief nach verroden: Eenzel Pointe passen op Lëtzebuerg – an och op Maacher – wéi d’Fauscht op d’An!

An nach eppes: Dat onkonventionellt Theaterstéck do lieft och duerch déi schmësseg Musek, gespillt vum Orchesterchen, dee matrappt, duerch deen engagéierte Gesank vun den Elblinger, déi begeeschteren, je, duerch dee beriimte Fonken, deen direkt iwwerspréngt. Dat do ass kee verstëpsten Duerftheater, mä e sprëtzegt, lëschtegt Koméidisstéck, aus deem d’Rhäifränsch dat Allerbescht mécht!

D'Maacher "Rhäifränsch" gräift no de Stären!

Monique Hermes op mywort.lu 1.04.2011

Et ass bal net ze gleewen an dach wouer: H O L L Y W O O D huet de Maacher Museksveräin "Rhäifränsch" entdeckt, deen am Hierscht 2010 d'Koméidisstéck "Schéck en op d'Schëff!" eelef Mol erfollegräich zu Maacher opgeféiert huet an dee viru kuerzem och bei dem flotte Spektakel "Schlüpferesch" am Stued Theater derbäi war!

"De beschte Klupp am Land" ass elo vun der "Chamber of Commerce" aus där amerikanescher Glamour City mat deem alleréischte Stär fir deen alleréischte "Walk of Fame" am Ausland - an dësem Fall zu GRÉIWEMAACHER !!! - ausgezeechent ginn! An zwar gläich an zwou Kategorien, nämlech Theater a Musek - et si jo och déi zwou Disziplinnen, an deenen d'"Rhäifränsch" hiert grousst Kënnen ëmmer nees ënner Bewäis stellt.

Matzen an der Nuecht koum de Stär um Findel un, an haut de Moien an aller Härgottsfréi - et war just hell - hunn d'Membere vun deem dynamesche Musekstheaterveräin sech zesumme mat hirem Präsident Luc Santer eng grouss Éier draus gemaach, fir d'Prachtstéck zu Maacher an der Foussgängerzon anzebetonnéieren. Virun deem schéine Monument vum Blannen Theis, dee jo och eppes mat Lëtzebuerger Musek a Lëtzebuerger Kultur ze dinn hat.

"Hollywood Walk of Fame honoured Rhäifränsch a.s.b.l. Grand-Duchy of Luxembourg Valley of the Moselle - on April 1st 2011. Hollywood Chamber of Commerce", kann een op där grandioser Auszeechnung a faarwegem Marber liesen. Selbstverständlech kënnen d'Passanten elo deen alleréischte Lëtzebuerger Stär op deem alleréischte Lëtzebuerger "Walk of Fame" zu Gréiwemaacher an der Foussgängerzon bewonneren.

Et misst ee vläicht drop opmierksam maachen, datt um "Walk of Fame" zu Hollywood a Kalifornien, deen 1958 geschaf gouf, eng 2.500 Prominenter aus Film, Fernseh, Musek, Radio an Theater hire Stär hunn. Da versteet een nach besser, wat fir eng immens Éier dës Auszeechnung fir d'"Rhäifränsch" ass - an natierlech och fir d'Stad Maacher, well do huet dee jonke Museksveräin, deen eréischt 2004 gegrënnt ginn a scho weltbekannt ass, säin Doheem.

An deen Diplom, deen d'Membere vun der "Rhäifränsch" zesumme mam Stär iwwerreecht kruten, wäerte se wuel arummen an en an Éieren halen - well esou e Schrëftstéck kritt ee wierklech net all Dag!

„Rhäifränsch“ - méi, wéi e Musekstheater
Lëtzebuerger Musek a Kultur zu Maacher

Monique Hermes am Lëtzebuerger Wort 28.03.2011

Bei där 7. Generalversammlung vum Musekstheaterveräin „Rhäifränsch“ huet de Präsident Luc Santer „dee beschte Klupp am Land“ esou beschriwwen: „Bäi äis kënnt et drop un, Lëtzebuerger Musek a Lëtzebuerger Kultur liewen ze loossen. Dofir fillt ee sech an eisem Veräin richteg doheem.“

Natierlech huet de Sekretär Yves Mersch am Café „Nei Kiischt“ vun deem groussen Erfolleg geschwat, deen „eng Dose Sänger a Schauspiller, ‚d’Elblinger’ an e klenge Bistrosorchesterchen“ mat hirem Koméidisstéck „Schéck en op d’Schëff“ (Text: Jemp Schuster, Musek: Georges Urwald), haten, dat am Oktober 2010 eelef Mol am Veräinshaus zu Maacher opgefouert ginn ass. Et goung och Rieds vun der CD „Den Tour bleift eisen“, déi fir den „Tour de France“ opgeholl gi war.

Am Mäerz 2011 ass dee stëmmungsvolle Spektakel „Schlüpferesch“ als Hommage un „déi wëll Zwanzeger“ am Stued Theater op groussen Uklang gestouss. „Rhäifränsch“ – dat ass iwwrégens den alen Numm fir eisen Elbling – wäert och erëm beim Drauwen- a Wäifest am September mat derbäi sinn. A fir 2013 gouf en neie grousse Projet ugekënnegt, héchstwahrscheinlech erëm am Veräinshaus zu Gréiwemaacher.

Datt fir de Moment zu Maacher kee Sall zur Verfügung steet, an deem d’Veräiner sech regelméisseg treffe kënnen, fir hir Versammlungen ze halen, ass bedauert ginn.

Am Comité vum Veräin, deen eng 32 aktiv Memberen huet, sinn de Luc Santer, Präsident, de Georges Urwald, Vizepräsident, den Yves Mersch an de Marc Weber, Sekretären, de Georges Feltes, Keessier, d’Germaine Begma, d’Marga Sertznig, de Luss Durel, den Thierry Konsbruck, de Marc Schiltz an zënter der Generalversammlung och de Jemp Urwald, Memberen.

Den Yvon Streff hat wuel den Nol op de Kapp getraff, wéi en där ganzer Famill Urwald-Kaufmann villmools merci gesot huet, fir déi flott Owender an där besonnescher Atmosphär vum Stued Theater. An de „gëllene Georgely 2010“, deen all Joer bei der Generalversammlung iwwerreecht gëtt, bleift dës Kéier aus verschiddene Grënn emol bis op Weideres um Stued. Et muss ee vläicht drop hiweisen, datt de Maacher Dréiuergelspiller Georges Weyer (1848-1924) alias „Georgely“ de Logo vun der „Rhäifränsch“ asbl ass.

Am Numm vum Gemengerot sot den Deputéierte Léon Gloden, datt dëse „Klupp“ net nëmmen e substantielle Bäitrag zur Lëtzebuerger Kultur, mä och zu där typescher Miseler Gesellegkeet leescht. Net nëmmen an der Generalversammlung huet ee gespuert, datt deen onkomplizéierte Veräin mat deem originellen Numm „Rhäifränsch“ wierklech drop aus ass, fir mat senge Koméidisstécker a lëschtegen Optrëtter vill Leit Freed ze maachen.

„O Croisiär, mir hunn dech gär!“
Eng besonnesch musikalesch Rees mat der „MS Rhäifränsch“

Monique Hermes am Lëtzebuerger Wort 16.10.2010

„Süden, Sonn, Mëttelmier, Dëschmusek, Party, Thé dansant an de Bar- a Bistrosklang, deen der Rhäifränsch esou eege wëll sënn“, dat alles kann am Oktober zu Gréiwemaacher am Veräinshaus erliewen an deem turbulente Koméidisstéck an aacht Biller „Schéck en op d’Schëff!“, dat virun allem duerch seng Musek bestécht.

D’Geschicht, déi vun den 18 Acteuren a Musikanten – et si 16 Männer an zwou Fraen – aus dem „Musektheaterveräin Rhäifränsch“ gespillt gëtt, ass ägentlech ganz einfach: Well et beim Tess doheem net méi esou richteg ze klappe schéngt, réit dem Tess seng bescht Frëndin Micky him, säi Mann, den Änder, „op d’Schëff ze schécken“. Dofir kritt de Keessier vum Kanéngerchersveräin „Eng hanner d’Läffelen“ e Billjee fir op d’Päischtcroisière geschenkt, „fir datt en zou sech kënnt“ oder vläicht och „fir 30 Joer trei Dingschter“...

Den Änder hëlt véier Kollegen aus dem Comité mat, an da fänkt eng turbulent Croisièreswoch op der „MS Rhäifränsch“ un. D’Crew vum Schëff, véier äerdeg Matrousen an hire Kapitän, déi all emol eng Kéier am Rolléngergronn geschafft hunn, mécht hiirt Bescht, fir d’Passagéier ze verwinnen.

Mat schmasseger Musek waarden déi fënnef Musikanten aus dem Orchesterchen“ oder „The El Plingos Five“ – op gutt Lëtzebuergesch heescht dat „d’Elblinger“ – esouzesoen Dag an Nuecht op, net nëmme bei der „Kanéngercherspolka“ fir de Klupp „Eng hanner d’Läffelen“.

A jo, do dauchen och nach zwou „Amerikanerinnen“ op… Et handelt sech ëm d’Micky an ëm d’Tess, déi esouzesoen als „blann Passagéier“ (oder als Spiouninnen) op der „MS Rhäifränsch“ sinn. Jee, „si sëtzen all an engem Boot, déi eng rudderen an déi aner raschten“ – oder och net… Moies gëtt e schéine Buffet opgedëscht. An et ass natierlech och e „Käptensdinner“. Wéi d’Geschicht ausgeet, soll op dëser Plaz net verroden ginn. Just nach esou vill, datt et eng ganz speziell Croisière ass, op déi ee gespaant sinn däerf! Dofir heescht et dann och ewéi aus engem Mond am Schlusslidd: „O Croisiär, mir hunn dech gär! O Croisiär, du bass eise Stär.“

Et däerf ee roueg behaapten, datt dat an deem drëtten neie Koméidisstéck vun der Maacher Rhäifränsch, dat exzellent Zesummespill tëscht dem Regisseur Jemp Schuster (deen och fir den Text zoustänneg ass), dem Orchester mat sengem talentéierte Pianist Georges Urwald (deem d’Musek ënnersteet), an alle Spiller a Sänger opfällt. „Schéck en op d’Schëff“ bréngt dat gutt op d’Brieder, „wat an deenen zwee Keep vu Schuster an Urwald stécht“. Eleng wéinst där musikalescher Leeschtung soll een d’Stéck onbedingt lauschteren a kucke goen.

Virstellunge vum Kaméidisstéck „Schéck en op d’Schëff“ sinn de 6., 8., 9., 13., 15., 16., 20., 22. an 23. Oktober 2010 am Veräinshaus an der Kierchestrooss zu Gréiwemaacher. Entrée: 12 Euro, Kanner: 6 Euro. Réservatioun: 621 32 28 35.

De Jemp Schuster hält eng Ried

Rhäifränsch 10 Joer (08.11.2014)

Altesses communales a locales
Léif Chambristinnen a Chambristen
Léif Ageluedener
an Opgeluedener
vun dësem memorablen Owend.
Just eng Fro, ier mer elo hei an eng Katastrof rennen. Sidd der an der Entrée kontrolléiert ginn, wéi der era komm sidd ? Neen ?! Duerchgecheckt ? Och net ! Plakeg gescannt ? Neen ?

Dir hätt iech awer scanne gelooss, wann e Scanner do gewiescht wier. Wat mécht een net alles wéinst der Sécherheet. Ech sinn och derfir. Schonn eleng aus medezinesche Grënn. Et huet ee séier eppes opgeraf.

Am Scanner gesäit een net nëmmen ob dee Verdächtegen Sprengstoff ëmgebonnen huet, et gesäit een och ob e Moschwieren oder eng Liewerzirros huet. Oder vläicht EBOLA. Bei esou ee geet een sech da léiwer net sëtzen.

Ech machen dee Sécherheetscheck dann elo mat iech. Et geet och ouni Scanner. Dëse Bodycheck baséiert op de Recherche vum schwäizer Paschtouer a Philosoph Johann Kaspar LAVATER, dee vu 1741 bis 1801 zu Zürich gelieft huet. Hie gëlt als Begrënner vun der Physiognomie. De Mënsch ass esou wéi en ausgesäit. Beispill : Ee mat engem granzege Gesiicht huet och e granzege Charakter.

Elo kann ee soen : Du kanns e Mënsch dach net op säin Aussinn taxéieren. Et kënnt dach op de Charakter an déi ënner Astellung un. Ech ka ganz gutt mat engem Ellenen um Dësch setzen, wann en an der Rei ass. Ech och, awer en Ellenen ass net an der Rei. Dat behaapt de LAVATER. Mir kënne jo probéieren ob e Recht huet.

Dann dréint iech esou, datt der ärem Noper oder ärer Nopesch an d’Gesiicht kënnt kucken. Sidd der prett ? Nu rappt all de Mond grouss op, an da kuckt der iech géigesäiteg eran.

Ech géif iech bieden dat e bësse méi seriö ze huelen, et ass an ärem Intressi!

Sinn deem anere seng Zänn laang ? Stinn se auserneen ? Sinn se grouss a spatz ? Dann ass et e Gourmang. Am Liewen ass en dann nodroend, affrontéiert, verlugen, falsch an ontrei.

Sti seng Zänn no beieneen, dann ass et e Genéisser. En ass ëmgänglech, spontan an diskret. En huet all Chance fir al ze ginn.

Huet en iwwerhaapt keng Zänn am Mond, da kann et sinn datt e säi Gebëss doheem am Buedzëmmer leie gelooss huet, well en sech esou getommelt huet, fir den Owend net ze spéit heihinner ze kommen. Maacht em dofir elo kee Virworf.

Maacht de Mond zou. Dir kënnt weider otmen.

Nu kuckt iech riicht an d’Gesiicht. Ass deem anere säi Gesiicht opgelaf an déck, huet en Hoer an der Nues, a Reefer ënnert en Aen, dann ass en Alkoholiker. Ären Noper seet elo : Ech, en Alkoholiker, dat wosst ech jo selwer nach net. Dann ass et en heemlechen Alkoholiker, awer elo ass e keen anonyme méi. Well elo kenne mer en all.

Huet är Testpersoun eng rout Nues, dann huet dat näischt mam Alkolhol ze dinn. Dat kann och vun engem Schnapp kommen, oder vun enger Allergie. Passt also op, an zitt keng falsch Schlëss.

Weist är Oueren. Wann déi méi grouss sinn ewéi normal.... wat ass normal ? Hei kuckt meng, déi sinn normal! Also wann se méi grouss sinn ewéi meng, wann s’och nach vum Kapp stinn, da sidd der liddereg, iwwerflächlech a virlaut.

Sou, elo stitt op, maacht iech uewe fräi a weist äre Bauch. Déi mat den décke Bäich si gemittlech, net aus der Rou ze bréngen, déi genéissen ouni vill ze hannerfroen.

Déi Rabbeleg awer, déi ouni Bauch sinn nervös a kënne sech net konzentréieren. Déi sinn dann och nach schei, schappeg, mëttelméisseg a se hu vill Pech am Liewen. Et muss een sech em se bekëmmeren.

Dat maache mer dann elo. All Décke soll den Owend een Dënnen adoptéieren, an no em kucken. All Schéine soll sech niewent en Ellene setzen, an deem e bësse vu sengem Glanz ofginn. Datt mer een normaalt Gläichgewiicht an de Sall kréien.

Ech wëll nach eng Kéier betounen, datt dat alles Feststellunge vum LAVATER sinn. Ech kontrolléieren nëmmen ob et stëmmt.

Ech hunn zwar do meng Zweiwelen, well ech sinn éischter e Verfechter vun der Pathognotik.

Wat ass dat dann elo erëm? Vum Griecheschen Pathos a gnotäin. Dat heescht de Pathos oder d’Gefillsliewe vun engem Mënsch kenne léieren an interpretéieren. An ech behaapten dann : de Mënsch ass net esou wéi en ausgesäit, mä esou wéi en sech fillt. Ee mat engem gudde Gefill am Bauch gesäit och gutt aus.

Ee Beispill, d’Madame hei vir straalt mech schonn déi ganzen Zäit esou richteg un. Kënnt Der äis soen, wat Der haut erlieft hutt, datt Der esou glécklech an zefridden ausgesitt ? Oder ass et vläicht wëll Der mech hei gesitt? Dat freet mech wierklech.

Ech wënschen äis all, datt mer äis vun der Ausstralung an der Zefriddenheet vun der Madame ustieche loossen, an datt mer no dëser Feier haut den Owend, trotz engem eeschten, kulturhistoreschen Hannergrond, e bësse méi glécklech an zefridden eraus ginn, wéi mer erakomm sinn. Wa mer dat fäerdeg bréngen, dann hu mer vill geschafft.

Komme mer awer elo zum Eigentlechen a Wesentleche vun dësem Owend, zum Puddel sengem Kär. An dee Kär heescht haut den Owend Rhäifränsch.

10 Joer Rhäifränsch, dat muss gefeiert ginn, an dofir ass et mir eng grouss Éier, bei Geleeënheet vun dëser Okkasioun, iech mat dëse Wierder beglécken ze dierfen.

Ier ech awer elo méi intensiv op dëst, oh fir äis all esou bedeitend Evenement agoe wäert, wëllt ech dës Feier d’éischt an dee richtege Kontext setzen, an e puer Wuert zur ornitologischer Lag vun der Natioun verléieren.

Wéi sti mer do ? Wou sti mer do ? A firwat fléie mer net eraus ?

Léif Lëtzebuerger,  léif Miseler, léif Maacher, léif Rhäifränscher !

‘t ass Fréijoer, a wéi kënnt et bei esou enger Geleeënheet anescht sinn, an ech benotzen do en Zitat vun eisem groussen Dichter a Vullespezialist Méchel Lentz, ‘t ass Fréijoer, och wann dir mer sot, et ass dach elo Hierscht, wéi kanns de da behaapten et wier Fréijoer, da wéilt ech iech drop hiweisen, datt mer Dank dem Klimawandel, dee schonn zanter 14 Deeg hei op der Musel ukomm ass, datt mer also dank deem Klimawandel, elo schonn am Hierscht hei d’Fréijoer spieren.

‘t ass Fréijoer an d’Vullen, a wann ech soen d’Vullen, da mengen ech all Vullen, déi bréien an déi fléien, déi päifen an déi gräifen, se séinen net, se iernten net, se loossen alles brooch leien, se begladderen hiert eegent Nascht, se kenne keng Grenzen, well Schengen war fir si nach ni en Thema, ech faasse mech kuerz, an d’Vullen déi sinn erëm erwaacht.

Wéi kommen ech elo op d’Vullen? Abbee, läit et dann net op der Hand, datt e Klupp vun Nuechtegailercher, si nennen sech selwer dee beschte Klupp am Land, datt also esou e Klupp een direkt un d’Fréijoer erënnert. Natierlech och un de Summer, den Hierscht an de Wanter, awer besonnesch un d’Fréijoer.

Dir gesitt also, léif Vullemettien, dat ass an dëser Krisenzäit international wouer, awer net gär gesinn, well mir bréien natierlech hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer op enger Insel.

Mir kenne se jo all, déi Inselbewunnner, déi sougenannten Native People aus dem Rhäifränsch Biotop. Si sinn net nëmmen eng Band komesch Vullen, si ginn äis och nach regelméisseg mat hirem Getwitters erfreeën.

Kuckt wéi se do huppen an hänken:

de léiwe Spatz Laurent
an d’Karmësch de Patrick
eis schwaarz Märel de Luc
de Markollefs Georges,
de faarwege Poufank Marc
de Fluesfénkelchers Jemp
de Serge, eise Käizchen
den Dan, mam roude Schwänzchen
déi elegant Schmuerbel Yves
d’Turteldauf Remi
d’ Blomees-che Joa
de Panewippchen Thierry
den Holzspiecht de Luss
dee klengen Zonkbutz den Yvon
an eis Nuechtegailchen, d’Germaine

Et gëtt keen Zoo a keen naturhistoresche Musée, deen esou eng Zuucht vun extravagante Vullen opweises huet. Awer kucke mer weider, wat beim Lentze Méchel geschitt !

An d’Margréitchen huet sech, an dat besonnesch dank der Afréierung vun der sozialer Gerechtegkeet.... dank der Aféierung vun der sozialer Gerechtegkeet, besonnesch awer dank deem iwwerluechten a konsequente Remembrement, an dëst last but not geleast, als Follech vun der Ouverture vun der neier Maacher Bréck, an d’Margréitche huet sech eraus och gemaacht.

Et kann een nartierlech elo soen, an dat maachen och en etlech béis Zongen, et kann ee soen : wat bleift der Margréitchen dann anescht iwwreg, wéi sech eraus ze maachen ?!

Abbee, deene Leit wëllt ech äntweren. Wat huet eis léif Margréitche gemaacht ? Si huet sech zwar erausgemaacht, jo, awer net einfach esou, neen si huet, a si hätt et net misste maachen,
si huet d’wäiss Kollrettchen, net duerch den Dreck gezunn, net mat sechzeg Grad gewäsch, a virun allem net an d’Kleedersammlung ginn, neen léif Matvullen, si huet d’wäiss Kollrettchen rëm frësch ugedoen.

Wee vun äis huet dann haut nach eng wäiss Kollrettchen, a ween traut sech nach, se unzedoen ? Ech géif iech vun hei aus zouruffen : e bësse méi Zivilkollrettchen!

Och eis Margréitchen hat et net ëmmer einfach, och eis Margréitchen huet geziddert a gefaart,
soubal si de Poufank gehéiert huet schlo’n, an ech kann iech verroden, ouni aus der Schoul ze schwätzen, wuer dee Poufank hischléit, do wiisst kee Gras méi. Och net, wann déi falsch Proféiten iech verziele kommen : a gréng ginn och d’Wise laanscht d’Weeër an d’Pied.

Huelt iech anuecht virun deene Spuervullen. Se huppen hannert all Trausch an hannert all Bam, do sinn s’och a gudder Gesellschaft, well och d’Vioule verstoppen sech heemlech am Schiet. Kuckt iech ëm : d’Beem kréien nei Blieder, a schonn ass en erëm do, deen dat net verdréit, dee grad esou aggressiv reagéiert wéi de Poufank, awer passt op, et ass een aneren, een nuetsaktive Kläpper : den Nuechtigall schléit. A wat geschitt am Lëtzebuerger Vullebësch ? Guer näischt ! De Wand séngt duerch d’Blieder, wou d’Meeréische bléit.

Äiskal, wéi wann näischt geschitt wier. Esouwäit si mer also komm ! Mussen, sollen, duerfe mer äis dat gefale loossen ? Neen, léif Matvullen, mir mussen äis wieren. Well wa mir näischt dergéint maachen, da kënnt deen dote Phenomän all Fréijoer op en Neits erëm op. An dat ass eng vun de grousse Missioune vum
beschte Klupp am Land, et ass d’Liewensaufgab vu Rhäifränsch, déi schro Bridder, de Poufank an den Nuechtigall, d’Kläpper aus dem Lëtzebuerger Vullebësch am A ze behalen, a wa se äis sollten iwwerfalen, se ouni ze zécken ënnert den Dësch ze sauf... ze sangen. 

Ech riichte mech dofir besonnesch un den Hunn vun där Vulleband. Du, mäi léiwe Georges, Du duerfs net midd ginn, dat Reservat, ech géif gär soen, deen Urwald weider wuessen ze loossen, an äis déi Gesangskënschtler mat hirer Konscht fir d’Zukunft ze erhalen. Well hei ass eppes entstanen, dat et nëmmen ee Mol op der Welt gëtt. Rhäifränsch ass fir Lëtzebuerg wat de
Phascolarctos cinereus, vulgo de Koala-Bier fir Australien ass. Woubäi ech hei dem Phascolarctos cinereus säin Impakt op d’Gesangskonscht net mat där vum Vitis vinifera alba, alias Rhäifränsch wëll vergläichen. Esou vill zum wëssenschaftlechen Deel vu mengem Exposé.

Am Numm vun alle Lëtzebuerger Vullekätten a Mätten wëll ech Dir, mäi léiwe Georges, an Denger Vullenhickecht Merci soen, fir dat wat dir déi lescht 10 Joer am Déngscht vun der Lëtzebuerger Ornitologie a Vin-cologie geleescht hutt. Esou kënne mer da mat freedeger Stëmm all zesumme mam Méchel Lentz sangen:

An d’Sonn déi rifft d’Blumme schnéiwäiss, rout a blo
Wéi d’Stären um Himmel, souvill stinn der do
Si rëschten a botze mat Faarwe sech räich
A blénken a blëtzen duerch Heck a Gesträich

A Rhäifränsch lieft weider, nach hoffentlech laang
Ech wënsche mer dat, an et ass mer net baang
Beim Honnerste si mer dann all nees um Dill
Nun hieft iech respektvoll, stitt op vun de Still
Mir sangen dem beschte Klupp hei aus dem Land
Dee Ständchen, dir wësst schonn, en ass iech bekannt

Fir de Gebuertsdag vill Gléck, fir de Gebuertsdag vill Gléck
Fir de Gebuertsdag, léif Rhäifränsch, fir de Gebuertsdag vill Gléck.

Jemp Schuster