Skip to main content

"Dee Beschte Klupp"

Produktriounsjoer: 2004

Opféierungen:

29., 30. Oktober 2004

9., 10., 12., 13., 17. an 18. November 2004

20 Auer bäim Marga a Flëpp (Café Mosellan zu Gréiwemaacher)

Weider Opféierungen zu Bech, Uesweiler a Miersch

"Dee Beschte Klupp" deet vu sech schwätzen (Jemp Schuster)

Wat ass lass, beim "Beschte Klupp am Land"? Firwat steet en op eemol an der Zeitung? Firwat huet jiddereen am Duerf een Ziedel an der Boîte leien? Firwat ass de Klupp am Gespréich, et héiert een dach soss ee ganzt Joer näischt vun em. Et ass Generalversammlung.

Elo kënnt ee mengen dat wir näischt Äussergewéinleches, all Klupp huet eemol am Joer séng Generalversammlung. Dat stëmmt, awer beim "Beschte Klupp am Land" ass eng Generalversammlung keng einfach Versammlung, do stécht schon eppes weider derhannert. Well déi Versammlung ëffentlech ass, de Klupp huet schliesslech näischt ze verstoppen, ka jidderee kucken a läuschtere kommen. Wann et mat Momenter héich hier geet, dann huet de Presi awer alles am Grëff.

Wa bei deem engem oder deem anere Punkt eng Diskussioun sollt opkommen, da gräift de Sekretär ganz iwwerleeën a séng Mapp an en zitt d'Statuten eräus. Do ass alles festgeluecht, et bräuch nëmme jiddereen sech un den Artikel ze halen, da kritt och dee gréisste Kregéiler de "Klupp" net un d'Wackelen.

A wa se dann zesummen hir Gedenkminutt ofgestanen, hiren nächsten Äusfluch geplangt an hire Patt oder hir e puer Pätt eran hunn, wann d'Keesereviseuren hire Krop gemeet hunn, da kënnt déi obligat Spagetti, an da sinn s'erëm alleguer gestäerkt a se packen et ee weidert Joer. Bis zur nächster Generalversammlung.

E musekalesche Jicke-Klupp (Georges Urwald)

Dir huet déi grouss Chance, an d'Generalversammlung vum ‚beschte Klupp vum Land' invitéiert ginn ze sënn. Den Titel versteet sech natirlech ironesch: dir erlieft e ‚Jicke-Klupp' par excellence! - de President kënnt net un, de Sekretär huet is net vill ze soen an de Caissier ka granzeg ginn, wa kee Geld méi do ass fir kënnen een Tournee ze schmäissen. Deem sein Fra ass anscheinend esou ee Beschassent, de Metti huet de Klupp vu seiner Fra no de Mammendagsfeier verbuede kréit an de Kluppausfluch soll op Tréier féieren ... mee firwat dann op Tréier, wat hu mer dovun, wat ass dann zu Tréier wat mir hei net hun?

Sou! - E Grupp vu jonke, liewensfroue Männer soll een net ophalen, scho guer net no hirem Optrëtt als drénkfest ‚Elblinger' op de Maacher Fräiheet 2002...

Bäi eener Liesung mat Pianosmusik léieren ech de Schustesch Jemp kennen. Ma häss de da keen Lost, en Text fir is Elblinger am Bistro ze schreiwen? Esou een butzeg Geschicht fir Comptoir a Stammdësch... Se hëllt schnell Form un. Och de Gesang mat seiner Musik ass den Elblinger op de Läiw geschriwen, woubäi dat Wiertchen Bistro mat all seine Facetten e wichtegt Stéchwuert ass: Freed, Spaass, Trauer, Fantasie, Sträit, Spontanitéit, Danz, Klatschen, Melodien am Vollekstoun, e verstëmmte Piano, Akkordeon, Troter, Bassgei, Rabbeltromm ...

Psst, de President fänkt gären un ...

Handlung (Georges Urwald)

Dir Dammen an dir Hären, wann der iech géift Plaz huelen, da fänke mer direkt un.' Et reagéiert keen op dem President (Georges Feltes) sein Opfuederung. De Sekretär schreiwt nach um Rapport a verschidde Memberen féilen sech am Fong méi wuel um Comptoir wéi um Comitésdësch. Dobäi läit d'Versammlung dach am Presi seinen Hänn, hien ass schließlech Ufank, hien ass Enn! (Lidd1: D'Versammlung läit a séngen Hänn!) ‚A wou kënt hien dann elo hier?' Den arme Jos (Patrick Hierckes) gëtt vum Klupp bloussgestallt. D'Exküs kléngt glaawwierdeg: Hien hätt eescht Problemer mat seim neien Händy gehaat (Lidd2: Entschëllegt, ech hu mëch verspéit...) De beschte Klupp probéiert nach een Kéier, d'Versammlung unzekierpen... De Caissier (Luc Santer) muss op eemol ganz schnell wëssen, wat passéiert, wann dann elo ee stierft!?, an d'Wiirtsfra (Germaine Begma) garantéiert e besseren Oflaf mat Hellef vun eem Pättchen Rhäifränschen. ‚Wie wëllt een hun, dee weist de Fanger!' (Lidd3: Zwee, véier, sechs an ee gëtt siwen...). Trotzdem - de Caissier féilt sëch iwergaang an jäitzt eppes wéi - mir sinn déi beschten Diktatür am Land!

De President erënnert fir d'x-te Kéier un d'Disziplin. Den nächste Punkt um ‚Ordüjua' ass dem Sekretär (Remy Turpel) säi Rapport. Hie stellt am Fong nët méi fest, ewéi datt d'Joer no der letzter Generalversammlung vun Dag zu Dag weider gaang ass, an datt een emol sollt een Gedenkminutt halen fir de Fall, datt ee gestuerwen wär! (Lidd4: Ech hun iech nët vill ze soen!) Mee mir gi och nach gewuer, datt et fréier emol e Metti am Klupp ginn ass. Den hat wuel op de Mammendagsfeier zevill getut, datt d'Fra hien huet misste séiche kommen. Dat woar et. (Lidd5 : D'Mammendagsfeier) 'De Metti ass zanter hier nët méi am Klupp ! Frënd Metti op dech do huele mer eng Schlupp ... an halen eng Gedenkminutt!' Mat versteenerter Minn wënschen sech d'Kluppbréider ‚hire Metti' erëm (Lidd6: Metti!), a séichen een Léisung fir hirt ënnerdréckten Éiemannsdosënn, wourober d'Wiirtsfra hirer Fraepflicht nogeet a sech wiert. (Lidd7: Esou eng butzeg, butzeg Frëndin...)

De President erënnert fir d'y-te Kéier un d'Disziplin. De Caissier kréit d'Wuert. 'Hien kann eis da verzielen, wéi mer finanziell do stinn, wat mer eis kënne leeschten, oder ob mer d'Baach a ginn!' Hie stellt fest, datt d'Recetten fir e Klupp zimlech wichteg sënn! Dat woar et am Fong. De Klupp ass aus dem Haischen: ‚Mir sangen him hipp hipp hurrah...!' (Lidd8: Dat ass e Wuert, Bravo!)  Een aus dem Sall huet d'Nues lues awer sëcher voll: ‚Dee féiert mer vläicht ee Gedeessëms do op ...' De Caissier gëtt nervös, hien dréit mam Récktrëtt, de Sekretär gëtt ganz nervös, sou datt op eemol een deem aaneren sein Fra vernennt! De President gräift an. De Caissier demissionéiert. (Lidd9: D'Gedeessëms...) Dem Presi deet dat natirlech déck, appeléiert un de Verstand a freet d'Reviseuren am Sall, op alles an der Rei ass mat de Keess. (Lidd10: Mir hunn et kontrolléiert...) D'Wiirtsfra klärt d'Situatioun erëm am léifsten mam Krunn, de Presi stellt fest datt wéinst dem dertëschent Prosten an Drénken et ëmmer méi spéit gëtt. Kaalblouddeg verbitt hien de Wiirtsfra ze zapen!... De Klupp reagéiert respektvoll: ‚Wann een eis ënnerdréckt, dee gëtt op d'Schëff geschéckt!' (Lidd11: Dixit Presidentem!)

De President erënnert fir d'z-te Kéier un d'Disziplin. 'Mir diskutéieren nach séier, d'Rees op Tréier!' De Klupp, ugefouert vum Néckel (Marc Weber) ass nët ganz d'accord mat där Decisioun: ‚Firwat dann op Tréier, wou kommt der dodrun, wat ass dann zu Tréier wat mir hei nët hun?' (Lidd12: Op Tréier, op Tréier...?!) Ma um Petribierg ass d'Landesgartenschau, do hun se e groussen Tuer aus Stol opgeriicht… a vun do iwer gesäit een d'Heemecht emol mat engem aaneren Bléck: Wéi se sou schéin do läit… Mee -  kuckt een se vun hei, ass leider Kanner Gottes näischt méi an der Rei. Firwat eigentlech? Ween huet d'Schold? ‚Wee weess ob et besser wier, géng een all Sonndes brav an d'Mass'. (Lidd13: D'Heemecht)

Mee maacht emol lues, zu Tréier ass dach laang alles zou, do brauch kee méi hinzefueren. Hätt dann ee Loscht, d'nächst Joar mat op Tréier den helleje Rook kucken ze goen… ? ‚Fir sech vum Béisen ze befreien, Läif a Séil ze kasteien,  da giff mer aanscht sangen, eng Litanei zum Beschte ginn!' (Lidd12a: Zou Tréier ass laang alles zou!). An der Litanei vum Apostel Meeréidech a seim eenzege Jong, de Pefferkär, besënnt de Klupp sëch a séngt detëschent: ‚Loosse mer nach een drénken...' Alles gëtt goud!(Lidd14: Pefferkär a Meeréidech). De Boorjemeester mëcht dem Klupp nach emol Courage a virum definitiven AMEN hiewen sëch d'Kluppmemberen a séngen hiert Léid, an deem së ‚Motivatioun an Zieler' nach een Kéier op de Punkt bréngen! (Lidd15: De beschte Klupp am Land?!) An et trëtt dat an, waat een de ganzen Zäit gefoart haat:

‚Mir sënn De Beschte Klupp am Land, well mir lo Nuddlen hun...'

Akteuren

De Chouer besteet aus den original Elblinger, déi aus dem Spektakel Maacher Fräiheet 2002, deen am Zesummenhang mat de Feierlechkeeten zum 750järege Maacher Fräiheetsbréif erfollegräich de 15. a 16. Juni 2002 op de Maacher Moartplaz virun dausende vu Leit opgefouert ginn ass, erausgaange sënn: héichmotivéiert jonk Männer, vun deenen een sech nach esou munches erwaarde kann! Bart De Norre, Lucien Durel, Georges Feltes, Patrick Hierckes, Serge Krier, Yves Mersch, Luc Santer, Marc Schiltz, Laurent Theisen, Remy Turpel, Dan Ury, Marc Weber

D'Germaine Begma ass eise späschel Gaascht, den John Hengel an den Ed Krier spillen déi zwee trei Keessereviseuren vum beschte Klupp.

Den Orchesterchen: Georges Urwald (Bistrospiano), Maurizio Spiridigliozzi, Servane Le Holler (Akkordeon), Alain Biver (Trombone), Thierry Konsbruck (Bassgei), Guy Krier (Percussioun)

Ëm d'Technik bekëmmert sech de Christian Hemmen, vum Michel Feinen sënn d'Zeechnungenan de John Hengel huet d'Fotoe gemaat.