Skip to main content

Schéck en op d’Schëff

Produktriounsjoer: 2010

Opféierungen:

Text a Regie: Jemp Schuster – Musek: Georges Urwald et sangen a spillen d’Elblinger an hiren Orchesterchen

Gespillt gëtt am Oktober 2010 1. - 2. - 6. - 8. - 9. - 13. - 15. - 16. - 20. - 22. - 23. 20:00 Auer

Am Veräinshaus an der Kierchestrooss zu Gréiwemaacher Gedrénks Bréidercher – agemaachten Hierke mat Gromperen

Entrée 12 Euro - Kanner 6 Euro Tombola Reservatioun um 621 32 28 35

e Koméidisstéck an 8 Biller

Wat een a senger Verzweiwelung net alles mécht: d’Tess vertraut sengem Änder net méi a stellt hien op eng knallhart Prouf: hat schenkt dem Änder e Billjee fir op d’Päischtcroisière! D’Tess a seng beschte Frëndin d’Micky si natierlech och um Schëff fir en heemlecht A op den Änder ze geheien. Deen ass net domm a luet sengersäits d’Kollegen aus sengem Kanéngerchersveräin ‚Eng hannert d’Läffelen’ op eng lëschteg Croisières-Woch an ....

No den erfollegräiche Koméidisstécker De Beschte Klupp Am Land (2004) an Elauter Fäi Jongen (2007) ass dëst dat drëtt neit Koméidisstéck vun der Maacher Rhäifränsch.

Et spillen a sangen: D’Fraen: Germaine Begma, Christiane Feinen-Thibold.

D’Männer vum Kanéngerchersveräin: Georges Feltes, Patrick Hierthes, Patrick Pfefferle, Luc Santer, Yvon Streff.

D’Crew um Schëff: Joa Baum, Serge Krier, Laurent Theisen, Remi Turpel, Dan Ury.

Den Orchesterchen: Luss Feinen, Marc Hubert, Thierry Konsbruck, Guy Krier, Georges Urwald.

Bühn: Luss Durel Zeechnungen: Misch Feinen

Reaktiounen aus dem Publikum:

'Waat hoa mir gelaacht! Et war SUPER !!! Direkt vun Ufank un war èn am Stéck dran, et ass é matt virugeschwommen, an all Optrëtt war herrlich! Di Musik hoat jo wonnerbar di ganz Geschicht gedroën, bèsser hätt et nët könne sen (...) A waat haaten di Orchesterleit schin Hiemer un! Iwerhaapt waren d'Foarwen op der Bühn bessi su wi op dem Plakat, daat hoat den Aen goudgedon...an et hoat è bal nët gemierkt, datt è matzen an de Leit sutz, matt allerlé Gerëcher ronderem (...) War awer alles e ganz hiien Niveau! Fir daat noach en Kéier ze toppen, dierft schwier gin... Haat mir daat nët su professionnell virgestallt. Mir waren iwerrascht, datt di Sänger su fantastisch Stëmmen haaten... eigentlich schoad, datt mir nëmmen èmol kucken a läusteren kummen...'

e 'Fan' vun Eechternoach zum Stéck 'Schéck en op d'Schëff'

'Salü la Tess! Hunn dech gëscht net erwëscht, mee um Heemwee am Auto hunn ech bewosst eng aner CD gesicht fir net Är Melodien nach am Bett nowirken ze héieren .... dat seet wuel genuch. Nach vill Spaas op deem Boot do!!! Mat där Equip!' eng Publikumsreaktioun zu 'Schéck en op d'Schëff'

'Daou has nët zevill versproach. Mir ware begästert. Aert Spill, de live Orchester an de Gesank einfach herrlich!

Am contraire zu mi alen Theaterstécker war d'Handlung kurz und bündig awer mat lauter flotten Einlagen ausgeschmückt.

(...) Onbedéngt wertvoll esu Theaterowender, an su flott Ensemblen, di su richtig schin matenän spillen an dem Publikum no säin.

An deem Sënn, keep on playing an e ganz décke BRAVO!'

e weidere Kuckert aus Eechternoach zu 'Schéck en op d'Schëff'

Et geet rëm lass...endlech ! (Luc Santer, President)

Dräi Joer sinn et hier, dass mir fir d’lescht hei op der Bühn stoungen ze spillen an ze sangen….d’Zäit ass vergaange wéi am Flug.

No enger ganzer Rei erfollegräichen Optrëtter am Hierscht 2007 zu Maacher am Veräinshaus an enger flotter Tournée duerch d’Ländchen mat „Eläuter fäi Jongen“ féiert eis de Wee dës Kéier raus op dat wäit an turbulent Mier: „Scheck en op d’Schëff“ ass dat neit Stéck vun der Rhäifränsch coproduzéiert vu Spektakel asbl. Zanter iwwert engem Joer si mir um plangen, dass dës spannend Croisière och ee Succès gëtt...vill Hänn hunn hei an do un der Bühn gebastelt, et gouf vill geschriwwen, komponéiert a geprouft.

Merci all deenen, déi hannert der Bühn an op der Bühn geschafft, gehollef, geschweesst a geziddert hunn. Den Applaus vun engem begeeschterte Public ass eise gréisste Loun......e schéinen Owend op der „MS Georgely“.

Schéck en op d’Schëff (Jemp Schuster)

Wann een engem op d’Schlappe geet, wann een net méi esou ass wéi een sech e virgestallt hat, wann een net méi produktiv oder attraktiv genuch ass, je wann een engem gär lass wier, da kritt ee jo séier de gudde Rot : « Schéck en op d’Schëff. »

Awer et mécht keen sech Gedanken, wat dat da fir e Schëff soll sinn. Ass et eng Galéi, en aremséilegt Ruderboot, e Pedalo, e Croisièreschëff oder vläicht e Krichsschëff ?

A wou soll déi Rees dann hi goen ? Do ginn et Passagéier déi vum éischten Dag u séikrank sinn, an net méi op de Been bleiwen, anerer genéissen déi Rees um wäite Mier a leien de ganzen Dag um Deck an der Sonn. Esou eng Schëffsrees kann also eng Plo oder eng Erhuelung sinn.

Wat op der « MS Rhäifränsch » alles geschitt, dat héieren a gesi mer dann ...

Dat Bescht ... !? (Georges Urwald)

Schéck en op d’Schëff! wier, sou soen d’Kollegen aus der Rhäifränsch, dat best vun éisen dräi Koméidisstécker! Aha! A firwat dat dann?

Spontan fale mir heizou mateneen dräi Erklärungen an:

D’Musik zum Stéck wollt eem Croisières-Kontext méiglechst gerecht ginn. Süden, Sonn, Mëttelmier, Dëschmusek, Party, Thé dansant an de Bar- a virun allem de Bistrosklang, deen der Rhäifränsch jo esou eege wëll sënn, gi vu Nolausterer an Interpreten oft vu vir eran als positiv ëmfond. Déi dozou passend Musek sollt dat natierlech och. De Süden, d’Sonn an d’Mier stelle sech zum Beispill mat eener Auswiel vu verschiddene volleksmusikaleschen Traditiounen aus dem Mëttelmierraum vir, mat hiren typeschen Danzrhythmen, Melodien an Harmonien: Ukläng un de spuenesche Flamenco, un den italieneschen Tarantella-Danz, un e griecheschen Zirtaki an un arabesch Beduinemusik maache Vakanzestëmmung. Tëschendorrech däerf et dann hei an do och méi schmantesch, hymnesch a poppeg ginn. Mat der ‚Kanéngercherspolka’ huet de Klupp ‚Eng hannert d’Läffelen’ asbl dann och endlech hiert eegent Veräinsléid kréit. E Joer laang, Woch fir Woch an Dag fir Dag vu Januar bis Dezember, hëllt Bock a Mudder eis voll a Beschlag, just eng Woch am September ...

Zougänglech an uspreechend sënn och dem Jemp sein Geschicht, Dialogen, Ausdrocksweisen a flott Regie vum Schéck en op d’Schëff! Do gëtt dem Lëtzebuerger Croisières-Vollek esou schéin op de Mond an op d’Fénger gekuckt. Do kënnt eem esou villes vertraut vir, och wann een et selwer nach net erlieft huet. Een Ausso wéi dem Feltesse Georges säin Oh freck, ech hu mäi Réck gebrach! ass iwregens meine Kanner hire léiwste Saz. Do laachen déi sech all Kéiers fréckt!

An et fale mer natierlech déi an, déi alles, wat an deenen zwee Keep vu Schuster an Urwald stécht, mat vill Gedold, Freed an Energie organiséieren an opféieren. An dat sënn dach ‚Dat Bescht’, oder? Et sënn d’Elblinger. Et sënn d’Christiane, d’Germaine, den Dan, de Georges, de Joa, de Laurent an de Luc, de Patrick, de Peep, de Remi, de Serge an den Yvon. Et ass den Orchesterchen Georges, Guy, Luss, Marc an Thierry. Et ass de Bühnebauer Luss. Et ass den Zeechner Misch. Et ass de Comité. Et ass d’Maacher Rhäifränsch!

Ech wënschen Eech een flott Rees.