Skip to main content

Mir sinn Tell

Produktriounsjoer: 2013

e Koméidisstéck vum Jemp Schuster a vum Georges Urwald

Nom Beschte Klupp am Land (2004), Elauter fäi Jongen (2007) a Schéck en op d’Schëff (2010) hunn de Jemp Schuster (Text a Regie) an de Georges Urwald (Musek) fir d’véiert Kéier der Maacher Rhäifränsch asbl en neit lëtzebuergeschsproocheg Koméidisstéck geschriwwen : d’Geschicht spillt an engem Casting-Studio. Et ginn Akteuere gesicht, net fir de Schéifermisch, mä fir de Wilhelm Tell zu Lëtzebuerg opzeféieren. E Regisseur an e Moderator presentéieren engem schrecklech kompetente Jury siwe Kandidaten. Déi eng versiche sech als Gessler oder als Tell, anerer stelle sech als Bouf oder als Apel vir. Nëmmen déi Bescht hunn eng Chance …

D’Virstellunge sinn de 4., 5., 9., 11., 12., 16., 18., 19., 23., 24. a 25.Oktober 2013 um 20 Auer zu Gréiwemaacher am Veräinshaus (rue de l’église). Den Entrée fir Erwuessener ass 13 Euro, fir Kanner bis 12 Joer 8 Euro. Reservéierunge ginn all Dag tëscht 16 an 20 Auer um 621 32 28 35 ugeholl. Et spillen a sangen: Joa Baum, Germaine Begma, Georges Feltes, Patrick Hierthes, Thierry Konsbrück, Serge Krier, Yves Mersch, Luc Santer, Yvon Streff, Laurent Theisen, Remi Turpel, Jean-Pierre Urwald, Dan Ury a Marc Weber. Et musizéieren: Romain Asselborn, François Ewen, Tanja Konsbruck, Guy Krier a Georges Urwald.